ProVelo Committee
Monique Goldschmit - President
Monique Goldschmit
President

.

Philippe Herkrath - Vice President / Office
Philippe Herkrath
Vice President / Office
+352 4390 30-29

De Vëlo ass fir mech net nëmme Freed um Fueren mee virun allem och e modernt städtescht Fortbewegungs- -mëttel wat op kuerzen a mëttleren Distanze konkurenzlos efficace ass.

Matthias Geistor - ProVelo Treasurer
Matthias Geistor
ProVelo Treasurer

De Vëlo ass fir mech en effikasst Hëllefsmëttel fir eisen opwännegen Alldag ze organiséieren. Kanner bei de Sport, Akafen, Training, op d‘Aarbecht. Ech hunn einfach keng Zäit, andauernd no engem Parking mussen ze sichen. En plus, kann en mat guddem Gewësse mol eng Portioun méi iessen. 

Caroline Schmit - ProVelo Secretary
Caroline Schmit
ProVelo Secretary

Fir mech bedeit de Vëlo Fräiheet. An dozou gehéiert net nëmme fräi ze si vu Horairen (Bus, Zug,…), vum Stau, vun enger Sich no enger Parkplaz, mee virun allem och dobaussen sech als Element vun der Natur ze fillen an d’Saisonen op der eegener Haut ze spieren.

Paul Faber - Comittee Member
Paul Faber
Comittee Member

Op der Uni hunn ech den Alldagsvëlo entdeckt, deen déi Zäit zu Lëtzebuerg quasi inexistent war. Zréck zu Lëtzebuerg huet dunn eng Grupp Leit d'Vëlosinitiativ gegrënnt, déi sech als ProVelo weiderhi fir besser Konditioune fir d'Vëlofuerer esouwuel am Alldag, wéi an der Fräizäit asetzt.

 

Mike Sartor - Committee Member
Mike Sartor
Committee Member
De Vëlo bedeit fir mech Freed um Fueren, Transport, Sport, Hobby a Fräizäit kombinéiert. Et bedeit awer och zukunftsweisend ze sinn an aktiv ze hëllefen eis Stied ze entlaaschten an doduerch méi angeneem ze maachen.
Paul Schieres - Committee Member
Paul Schieres
Committee Member

De Vëlo war fir mech vu klengem un d'Fräiheet fir iwwert de klénge Quartier eraus bei Kolleegen ze kommen. An eiser Famill gouf et ni en Auto, also war de Vëlo d'Transportmëttel och fir e bëssi méi wäit Distanzen. An och haut kann ech duerch de Vëlo (an den ëffentlechen Transport) bal ganz op en Auto verzichten.

Friderike Oehler - Committee Member
Friderike Oehler
Committee Member

.

Patrick Arendt - Committee Member
Patrick Arendt
Committee Member

De Vëlo erlaabt et mir fir bal komplett op den Auto ze verzichten. Dat entlaascht d’Ëmwelt, mécht kee Kaméidi, bréngt keen a Gefor (ausser mech selwer),  mécht mir immens vill Freed, ass gutt fir meng Gesondheet an ech erliewen d’Natur, d’Wierder an d’Saison hautno.

Laurent Schaus - Committee Member
Laurent Schaus
Committee Member
Fir mech ass de Vëlo wéi ee „Reset" Knäppche fir de Kapp schnell nees vum stressegen Alldag ze befreien. Am Alldag probéieren ech sou oft wéi méiglech den Auto duerch de Vëlo an den ëffentlechen Transport ze ersetzen.
Office
Philippe Herkrath - Vice President / Office
Philippe Herkrath
Vice President / Office
+352 4390 30-29

De Vëlo ass fir mech net nëmme Freed um Fueren mee virun allem och e modernt städtescht Fortbewegungs- -mëttel wat op kuerzen a mëttleren Distanze konkurenzlos efficace ass.

Danièle Mousel-Lüscher - Office
Danièle Mousel-Lüscher
Office
+352 4390 30-28
De Vëlo ass fir mech d'Méiglechkeet fir eis Stied, wei schons op ville Platzen am Ausland, méi liewenswäert an attraktiv ze maachen. Fir mech selwer ass et Spaass um Fueren an der Natur, awer och  Onofhängegkeet an Flexibilitéit am Alldag.
Jo Klein - Office
Jo Klein
Office
+352 4390 30-29

Fir mech ass de Vëlo mëttlerweil vill méi ewéi just en Verkéiersmëttel. De Vëlo ass fir mech eng Liewensastellung!

Yves Meyer - Office
Yves Meyer
Office
+352 4390 30-28

De Vëlo ass a mengen Aen eng vun den accessibelste Léisunge fir vill Erausfuerderungen unzegoen, déi mir aktuell an och an Zukunft zu Lëtzebuerg bewältege mussen.