Falls Sie Fragen haben, können Sie uns eine E-Mail an info@provelo.lu senden. Sie können uns außerdem über die sozialen Medien kontaktieren oder das untenstehende Kontaktformular verwenden.
Falls Sie Fragen haben, können Sie uns eine E-Mail an info@provelo.lu senden. Sie können uns außerdem über die sozialen Medien kontaktieren oder das untenstehende Kontaktformular verwenden.
Um unseren Forderungen den nötigen Nachdruck zu verleihen, brauchen wir Ihre Unterstützung, sei es als aktives Mitglied, durch Ihre Mitgliedsbeiträge oder durch Spenden! Wenn Sie unsere Arbeit mit einer steuerlich absetzbaren Spende unterstützen möchten, überweisen Sie diese bitte auf das untenstehende Konto mit dem Vermerk "ProVelo-Spende".
BIC: CCPLLULL - IBAN LU96 1111 0734 1886 0000
Stëftung Oekofonds - Luxemburg
De Vëlo ass fir mech net nëmme Freed um Fueren mee virun allem och e modernt städtescht Fortbewegungs- -mëttel wat op kuerzen a mëttleren Distanze konkurenzlos efficace ass.
Fir mech ass de Vëlo mëttlerweil vill méi ewéi just en Verkéiersmëttel. De Vëlo ass fir mech eng Liewensastellung!
De Vëlo ass a mengen Aen eng vun den accessibelste Léisunge fir vill Erausfuerderungen unzegoen, déi mir aktuell an och an Zukunft zu Lëtzebuerg bewältege mussen.
.
Op der Uni hunn ech den Alldagsvëlo entdeckt, deen déi Zäit zu Lëtzebuerg quasi inexistent war. Zréck zu Lëtzebuerg huet dunn eng Grupp Leit d'Vëlosinitiativ gegrënnt, déi sech als ProVelo weiderhi fir besser Konditioune fir d'Vëlofuerer esouwuel am Alldag, wéi an der Fräizäit asetzt.
Fir mech bedeit de Vëlo Fräiheet. An dozou gehéiert net nëmme fräi ze si vu Horairen (Bus, Zug,…), vum Stau, vun enger Sich no enger Parkplaz, mee virun allem och dobaussen sech als Element vun der Natur ze fillen an d’Saisonen op der eegener Haut ze spieren.
De Vëlo war fir mech vu klengem un d'Fräiheet fir iwwert de klénge Quartier eraus bei Kolleegen ze kommen. An eiser Famill gouf et ni en Auto, also war de Vëlo d'Transportmëttel och fir e bëssi méi wäit Distanzen. An och haut kann ech duerch de Vëlo (an den ëffentlechen Transport) bal ganz op en Auto verzichten.
.
De Vëlo ass fir mech en effikasst Hëllefsmëttel fir eisen opwännegen Alldag ze organiséieren. Kanner bei de Sport, Akafen, Training, op d‘Aarbecht. Ech hunn einfach keng Zäit, andauernd no engem Parking mussen ze sichen. En plus, kann en mat guddem Gewësse mol eng Portioun méi iessen.
De Vëlo erlaabt et mir fir bal komplett op den Auto ze verzichten. Dat entlaascht d’Ëmwelt, mécht kee Kaméidi, bréngt keen a Gefor (ausser mech selwer), mécht mir immens vill Freed, ass gutt fir meng Gesondheet an ech erliewen d’Natur, d’Wierder an d’Saison hautno.