In case of any questions concerning our work or cycling infastructure, you can write a mail to info@provelo.lu . You can also get in touch with us over social media or use the contact form down below.
In case of any questions concerning our work or cycling infastructure, you can write a mail to info@provelo.lu . You can also get in touch with us over social media or use the contact form down below.
In order to give the necessary weight to our demands, we need your support, either as an active member, through your membership fees or through donations! To support our work with a tax-deductible donation, please transfer it to the following account, with the mention "Donation ProVelo".
BIC: CCPLLULL - IBAN LU96 1111 0734 1886 0000
Stëftung Oekofonds - Luxembourg
De Vëlo ass fir mech net nëmme Freed um Fueren mee virun allem och e modernt städtescht Fortbewegungs- -mëttel wat op kuerzen a mëttleren Distanze konkurenzlos efficace ass.
Fir mech ass de Vëlo mëttlerweil vill méi ewéi just en Verkéiersmëttel. De Vëlo ass fir mech eng Liewensastellung!
Als Präsidentin vu ProVelo setzen ech mech dofir an, dass de "Reflex-vélo" bei der Planung an Ëmsetzung vun Infrastruktur zur Normalitéit soll ginn!
Op der Uni hunn ech den Alldagsvëlo entdeckt, deen déi Zäit zu Lëtzebuerg quasi inexistent war. Zréck zu Lëtzebuerg huet dunn eng Grupp Leit d'Vëlosinitiativ gegrënnt, déi sech als ProVelo weiderhi fir besser Konditioune fir d'Vëlofuerer esouwuel am Alldag, wéi an der Fräizäit asetzt.
Fir mech bedeit de Vëlo Fräiheet. An dozou gehéiert net nëmme fräi ze si vu Horairen (Bus, Zug,…), vum Stau, vun enger Sich no enger Parkplaz, mee virun allem och dobaussen sech als Element vun der Natur ze fillen an d’Saisonen op der eegener Haut ze spieren.
De Vëlo war fir mech vu klengem un d'Fräiheet fir iwwert de klénge Quartier eraus bei Kolleegen ze kommen. An eiser Famill gouf et ni en Auto, also war de Vëlo d'Transportmëttel och fir e bëssi méi wäit Distanzen. An och haut kann ech duerch de Vëlo (an den ëffentlechen Transport) bal ganz op en Auto verzichten.
Fahrrad ist Freiheit! Flexible Fortbewegung, unabhängig von Fahrplänen und Stau, immer direkt bis vor die Tür.
De Vëlo ass fir mech en effikasst Hëllefsmëttel fir eisen opwännegen Alldag ze organiséieren. Kanner bei de Sport, Akafen, Training, op d‘Aarbecht. Ech hunn einfach keng Zäit, andauernd no engem Parking mussen ze sichen. En plus, kann en mat guddem Gewësse mol eng Portioun méi iessen.
De Vëlo ass vir mech dat ideal Transportmëttel: kombinéiert Mobilitéit mat Fräiheet a Leidenschaft an enger nohalteger Aart a Weis.
Duech mäin Engagement bei ProVelo hoffen ech e Bäitrag ze leeschten, dass de Vëlo fir nach méi Leit erëm den éischte Choix gëtt wann et ëm kuerz Deplacementer geet.